Um Sonndeg huet eis éischt Ekipp e schwéiere Match viru sech. Ab 16 Auer empfänken d’Yellow Boys d’Ekipp vun AS Lëtzebuerg Porto.

Um Pabeier ass Weiler zwar de klore Favorit, well den Tabellendrëtten op den Drëttleschten trëfft, mee d’Ekipp vum Trainer Jhemp Almeida muss sech an Uecht huelen. Den Himatch géint AS Lëtzebuerg Porto ass 0:0 ausgaangen an och géint de Leader Monnerech huet den Tabellen-12. e Punkt kritt.

Dobäi kënnt, dass de Weiler Trainer Jhemp Almeida muss op e Koup Spiller verzichten: De Jonathan Furst an de Kevin Hoffmann si no hire Verletzunge nach net prett. Beim Thomas Battaglia gëtt et de Verdacht op e Kräizbandrëss. Mir wënschen him eng gutt Besserung! De Christopher Gonzalez an de Glenn Borges sinn hirersäits gespaart. Eng gutt Nouvelle ass, dass de Yann Olafsson zréck an de Kader kënnt.

Är Ënnerstëtzung gëtt e Sonndeg nees gebraucht, dofir kommt all an den Dieltchen a feiert eis éischt Ekipp un! Hei ass Weiler!