Um Freidegowend hu sech de Comité, d’Jugendkommissioun an d’Traineren versammelt, fir gemittlech am Les Espaces Réunions um Schlammesté z’iessen. Et war e flotten Owend an et huet ee gesinn, dass d’Yellow Boys eng grouss Famill sinn.