All d’Frënn vu Raclette sollten sech de 16. Mäerz op de Wee an Huef maachen, well do wäerten d’Yellow Boys wéi schonn dat lescht Joër e Raclette-Owend organiséieren.

Ab 18.30 Auer kann een dann e flotten Owend verbréngen. 7 Zorte Kéis (klassesch, mat Trüffe, Oliven, Rauch a Speck, Chilli, wëlle Kraider a Knuewelek) ginn et ze schmaachen. Nieft dem Kéis ginn et selbstverständlech Gromperen, Ham, Speck, gréng Zalot, traditionell Cruditéiten an eng Hausmaacherzooss.

Et kascht 25 respektiv 17 Euro fir d’Kanner ënner 14 Joer, fir sech de ganzen Owend mat guddem Iessen à volonté verwinnen ze loossen. Umellen kann een sech iwwer d’Email-Adress info@yellowboys.lu oder telefonesch beim Claude “Wuscht” Weber (621 194 752).

Mir freeën eis op Äre Besuch!