Um Mëtwochowend hunn eis Seniors II/U23 en Testmatch géint déi éischt Ekipp vu Koplescht gespilt. Um Enn hu sech d’Yellow Boys misse knapp mat 4:5 geschloe ginn.

No 44 Sekonnen ass de Ball déi éischte Kéier am Filet gelant. Eng wäit Pass vum Christophe Cum koum beim Sven Rohen un, deen huet de Ball an d’Mëtt gespillt, wou e Kopleschter d’Lieder an den eegene Gol gesat huet (1:0). No 10 Minutten hunn d’Gäscht dunn awer ausgeglach, ier se no 20 Minutten souguer sollten a Féierung goen. Mat 2 Corneren sollt Koplescht de Score bis zur Paus souguer nach op 4:1 schrauwen. Et war eng schwaach éischt Halschent vu Weiler.

No ronn enger Stonn huet sech de Mattia Innocenti verletzt. Well d’Yellow Boys keen Awiesselspiller méi haten, kruten se e Spiller vu Koplescht geléint. An der 65. Minutt konnt d’Ekipp vum Trainer Orlando da Rocha verkierzen: de Romario Lima huet den 2:4 geschoss. An de leschten 10 Minutten sollt et du nach 3 Mol rabelen. Fir Weiler hunn de geléinte Spiller an de Jo Schmit markéiert.