Och eis Pupilles II waren um Sonndeg an der Sporthal um Belair am Asaz. Si koumen op déi 6. Plaz vun 8 Ekippen. An der Gruppephas sinn d’Yellow Boys op Cebra (1:0), d’Jeunesse (0:2) an AP Metz (0:1) getraff. Am Match fir d’5. a 6. Plaz huet d’Ekipp vum Trainer Idelson Pires dunn géint Lexy aus Frankräich mat 1:2 am Siwemeterschéisse verluer.