Wéi och schonn déi lescht Joeren, waren och e Samschdeg nees ganz vill Erwuessener a Kanner um Fuesbal an der Sportshal zu Weiler. Den Jonn Happi huet dofir gesuergt, dass d’Kanner sech bei flotte Spiller ameséiert hunn. D’Begeeschterung war grouss an och déi 2 fantastesch Tombolaen hunn erëm Kleng a Grouss vill Freed gemaach.