Eis Poussins II hunn um Sonndegmoien un engem Halenturnéier vun Cebra um Belair deelgeholl.

An der Gruppephas gouf et e 0:0 géint Beetebuerg, ier Victoiren géint Cebra II (2:0) a Lëntgen (1:0) konnte notéiert ginn. Als Gruppenéischten ass et dono géint d’Jeunesse (0:0) an Cebra I (0:1) gaangen. Am Match fir déi 5. Plaz hu sech d’Yellow Boys dunn mat 3:0 géint Cebra III duerchgesat.

En plus gouf de Weiler Keeper als beschte Golkipp vum Turnéier ausgezeechent.