Um Freidegowend huet eis éischt Ekipp e weideren Testmatch am Dieltchen gespillt. Géint Biissen gouf et eng 2:0-Victoire duerch Goler vum Levy Rougeaux a Glenn Borges. Phaseweis hunn d’Yellow Boys richteg gudde Fussball gewisen.