En Donneschdeg huet d’FLF matgedeelt, dass all d’Testmatcher, déi vun haut bis e Sonndeg inclus geplangt waren, wéinst de Wiederprevisiounen ofgesot ginn. Domat spillt eis éischt Ekipp och muer net zu Steesel.

De Lalux Indoor Cup bleift awer wéi geplangt um Programm. Eis Scolaires spillen deemno e Sonndeg am Nomëtteg zu Esch-Lalleng d’Halleffinall.