E Sonndegmëtteg hate sech vill Leit op de Wee an d’Hal zu Weiler gemaach, fir op de Kascht ze goen. Um Wanterfest vun de Yellow Boys konnt een sech et gutt schmaache loossen an déi Geleeënheet wollte sech vill Leit, déi och un eiser Tombola deelgeholl hunn, net entgoe loossen. Merci alleguer fir d’Kommen!