D’Yellow Boys hu nom Jonathan Furst nach en Transfert an der Wanterpaus vollzunn. Den Amadou Camara kënnt vum F91 an den Dieltchen. Dëse Spiller ass 19 Joer al, kënnt aus Guinea a soll op der lénker Säit agesat ginn. Virum F91 huet hien fir Bounouma, FC Lorry Plappevillean APM Metz gespillt.

D’Foto ass vum Serge Waldbillig.