Eis Poussins II hunn um Sonndeg um Wantercup zu Monnerech deelgeholl. Um Enn koumen si op déi 9. Plaz. Géint Käerjéng gouf et direkt eng 0:5-Defaite, géint RM Hamm Benfica huet d’Ekipp vum Trainer Mike Hoffmann dono en 1:1 erausgeschloen. Géint Monnerech I (0:3) an d’Fola (0:2) goufen et weider Defaiten, ier d’Yellow Boys am Match ëm déi 9. Plaz géint Monnerech III d’Nerve vum Siwemeterpunkt behalen hunn.