Am Repêchage hu sech eis Poussins um Sonndegmoien zu Weiler fir den 2. Tour vum Lalux Indoor Cup qualifizéiert. Mat 10 Punkten ass d’Ekipp vum Trainer Enès Skrijelj op déi 2. Plaz komm. Beetebuerg ass wéinst de méi geschossene Goler op déi 1. Plaz komm.

Géint Beetebuerg gouf et zum Optakt en 1:1, ier de Match géint Käl-Téiteng mat 1:0 gewonne gouf. Eng 1:0-Victoire konnt och no 15 Minutten géint Stengefort notéiert ginn. Am leschte Match géint Bieles hunn d’Yellow Boys nach emol alles misste ginn, fir opmannst e Punkt ze kréien. Um Enn gouf et eng 2:0-Victoire.