Eis Poussins hunn um Dënschdeg um Kayser Cup zu Rouspert deelgeholl. Am éischte Match hunn d’Yellow Boys a Bäerdrëf-Konsdrëf 0:0 gespillt. Och am zweete Match gouf et e Gläichspill -> 1:1 géint d’Entente Biwer/Bäerbuerg. Eng Victoire gouf et géint Mäertert-Waasserbëlleg (3:2). An och géint Rouspert gouf et eng Victoire (2:1). Mat 8 Punkten ass Weiler domat hannert Rouspert (9) op der 2. Plaz gelant.