Um Sonndeg hunn eis Poussins I um Mini Maya Indoor-Cup zu Bartreng deelgeholl an hu sech do just an der Finall misse geschloe ginn.

An der Gruppephas goufen et Victoire géint Lëntgen (2:1), Bartreng II (4:1), Hueschtert (2:1), Walfer (2:0), Uelzechtdall (2:0) a Villerupt-Thil II (4:1).

D’Finall géint Märel-Belair ass mat engem 1:1 op en Enn gaangen, sou dass Siwemeter hu misse geschoss ginn. Hei huet sech de Red Star du mat 4:3 duerchgesat.