Um Sonndegmoien hunn d’Minimes zu Weiler an der Hal de Repêchage vum Lalux Indoor Cup gespillt. Mat 7 Punkten hu si sech als bescht Ekipp fir den 2. Tour qualifizéiert. Déi punktgläich Fola koum wéinst der Goldifferenz op déi 2. Plaz.

Am éischte Match hunn d’Yellow Boys der Entente Äischdall beim 4:0 keng Chance gelooss. Dono huet Weiler géint d’Fola eng gutt Leeschtung gewisen a sech mat 2:2 e Punkt erkämpft. Am leschte Match war d’Ekipp vum Trainer Luis Pereira on fire. Mat 9:1 gouf d’Entente Kënzeg/Schuller aus der Hal geschoss.