Um Samschdegmoien waren eis Minimes II bei engem Halenturnéier vum FC The Belval Bieles zu Zolwer am Asaz.

An der Gruppephas huet Weiler 1:1 géint Schëffleng gespillt, 0:1 géint Rodange verluer, 1:0 géint d’Jeunesse gewonnen, 1:0 géint Bieles gewonnen an 0:2 géint Käerjéng verluer. Dat huet déi 3. Plaz am Grupp bedeit an ass net duergaangen, fir an d’Halleffinall ze kommen.

“Samschdesmoies brauchen d’Jongen e bëssi fir an d’Rullen ze kommen. Mir hunn eis ëmmer gesteigert, mee leider waren d’Been de leschte Match schwéier. Chapeau un d’Jongen, déi duerch sou Turnéier als Ekipp weider zesummewuessen”, sou den Trainer Pascal Schoen.