No der Wanterpaus wäert et zu Changementer am Kader vun eiser éischter Ekipp kommen. Leider verléisst eis den Tiago Alves, deen aus perséinlechen a beruffleche Grënn zréck op Lëntgen geet. Tiago, villmools Merci fir dat Joer, an deem’s du fir eis gespillt hues!

Dann huet eise Comité awer och dofir gesuergt, dass d’Ekipp vum Trainer Jhemp Almeida nach emol verstäerkt gëtt. Mam Jonathan Furst kënnt e Spiller op Weiler, deen hei am Land schonn op héchstem Niveau gespillt huet. Den 31-järege Fransous war 2006 vum CSO Amnéville op Rëmeleng gewiesselt, huet dono fir Gréiwemaacher an Hueschtert gespillt a war och kuerz beim FC Minerva Lëntgen. De Jonathan wäert mat dofir suergen, dass eis Defense nach méi Stabilitéit kritt.

D’Foto ass vum Ben Majerus.