Eis Minimes sinn um Samschdeg aus der Coupe des Minimes ausgescheet. Géint d’Entente Uelzechtdall huet d’Ekipp vum Trainer Luis Pereira mat 2:3 verluer. An der Paus stoung et 1:1 am Dieltchen.

“D’Jongen hunn de beschte Match vun der Saison gemaach, souwuel spilleresch wéi och kämpferesch. Eise Golkipp huet en Eelefmeter beim Stand vun 2:2 super gehalen. Leider wollt de Ball déi aner Säit an der leschter Minutt net eran, wéi e just widder de Potto geflunn ass. Ech si wierklech houfreg op d’Bouwen an elo ass de Lalux Indoor Cup um Programm”, sou den Trainer Luis Pereira nom Out an der 1/16-Finall.