An hirem leschte Championnatsmatch vum 1. Tour hunn eis Poussins I mat 4:3 zu Beetebuerg gewonnen. An der Paus stoung et 2:0 fir d’Lokalekipp.

“Déi 1. Halschent hu mer einfach Bäll verluer a ware net bësseg. All Respekt un d’Jongen fir déi 2. Halschent. Eis 9 Leit hu bis zum Schluss gekämpft. Ech sinn houfreg op d’Leeschtung vun de Jongen, déi sech vum éischte Match un ëmmer méi a méi gesteigert hunn”, sou den Trainer Enès Skrijelj.