E Freideg an e Samschdeg kënnt nees Chrëschtdagsstëmmung zu Weiler bei der Hal op.

Freides ass vun 18 bis 22 Auer en Afterwork.

E Samschdeg ass dann vun 10 Auer un dann den traditionelle Chrëschtmaart mat ville Chrëschtstänn, op deenen dir bestëmmt deen een oder anere flotte Kaddo fir ënnert de Beemchen fannt. Apropos Beemchen: Och dëst Joer kritt Dir nees flott Chrëschtbeemercher vum Heesberhaff bei eis ze kafen.

Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech gesuergt: Kniddelen, Raclette, Gromperekichelcher, Hamburger, Zopp, Weilinger, Merguezen, Panescher, Christmas Béier, Soft Drinks, Cremant, waarme Caipi, Glühwäin, Schocki an an an, bei eis feelt et praktesch u näischt.

Um 16.30 Auer wäert de Kannerchouer Hueflach Spatzen vu Stroossen nees e Chrëschtconcert zum Beschte ginn.

Am Kader vum Chrëschtmaart spillen eis jonk Jugendspiller och en Interclubturnéier a gi vum Kleeschen beschenkt.

Mir géifen eis iwwer Äre Besuch freeën!