Eis Seniors II/U23 haten um Méindegowend hire leschte Championnatsmatch virun der Wanterpaus. Am Dieltchen hu si sech mat 2:1 géint Schëffleng behaapt a ginn deemno mat engem gudde Gefill an d’Wanterpaus.

Scho no 2 Minutten stoung et 1:0. De Kevin Hoffmann huet de Ball op den Idelson Pires gespillt, dee mat senger Flank de Marco di Bari fonnt huet -> 1:0. Dono hunn d’Yellow Boys e bëssi de Fuedem verluer, si net méi an d’Zweekämpf komm an hu Chancen fir de Géigner zougelooss. Trotzdeem sollt de Score an der 35. Minutt ausgebaut ginn. No engem Corner vum Idelson Pires ass de Ball beim Kevin Hoffmann gelant, deeh de Ball aus 16 Meter per Volley mam riets Fouss an de Filet katapultéiert huet -> 2:0. Dat sollt och de Pausestand sinn.

Nom Säitewiessel huet een e spannende Match mat Chancen op béide Säite gesinn. No engem Foul um Kevin Hoffmann krut Weiler en Eelefmeter, mee de Jo Schmit huet dëse verschoss. An der 63. Minutt ass dunn den Uschlossgol fir d’Gäscht gefall. En ofgefälschte Golschoss ass am Filet gelant. Dono hate béid Formatiounen nach eng gutt Chance op e weidere Gol, mee et sollt beim 2:1 bleiwen.