Eis éischt Ekipp huet eng gutt Hironn gespillt. Am 2. Bezierk vun der 1. Divisioun huet d’Ekipp vum Trainer Jhemp Almeida 28 Punkte gesammelt a steet op der 2. Plaz. 9 Matcher goufen gewonnen, 1 gläichgespillt an 3 verluer. E bëssi iergerlech ass, dass d’Defaiten all doheem hu missen higeholl ginn.


6 Spiller sinn an all Match agesat ginn.

Als Haaptjoker ass an der Hironn de Gilles Even agesat ginn.

Am meeschten ausgewiesselt goufen de Michel Martins an de Glenn Borges.

Nodeems hien déi lescht Saison e bëssi gebraucht huet, fir op Touren ze kommen, huet de Levy Rougeaux dës Saison schonn 11 Mol de Wee an de géigneresche Gol fonnt.

Déi meeschte Goler schéissen d’Yellow Boys tëschent der 31. an der 45. Minutt. Déi meeschte Géigegoler falen vun der 61. bis 75. Minutt a vun der 76. bis zum Schlusspëff.