Mat 1:0 hu sech d’Yellow Boys am Pafendall géint Red Black Egalité duerchgesat. Well Gréiwemaacher zu Beetebuerg verluer huet, steet d’Ekipp vum Trainer Jhemp Almeida elo op der 2. Plaz an der Tabell. Bis d’nächst Joer ännert sech och näischt méi dorun, well haut war de leschte Spilldag virun der Wanterpaus. De 17. Februar 2019 geet et weider.

An der 18. Minutt huet et gerabbelt. Den Thomas Battaglia huet de Ball op de Glenn Borges geflankt, deen op de Levy Rougeaux ofgeluecht huet a schonn huet et gescheppert -> 1:0. Dunn ass laang näischt geschitt, bis e Spiller vu Red Black Egalité an der zweeter Halschent mat Giel-Rout vum Terrain gesat ginn ass. An hie sollt net eleng am Vestiaire bleiwen, well an der 90. Minutt huet e weidere Spiller vun der Lokalekipp dierfen éischter dusche goen.

Bravo eise Jongen fir eng gutt Hironn!

Opstellung: Gonzalez, Loes, Bernard, Gomez, Martins (60.’ Mangen), Regazzi, Battaglia, Bellini, Borges (68.’ Ainahi), Rougeaux, Hoffmann (88.’ di Bari)