Eis Pupilles hu sech um Sonndegmoien fir den 2. Tour vum Lalux Indoor Cup qualifizéiert. An der Hal zu Weiler sinn si déi éischt an hirem Grupp ginn.

No de Matcher géint d’Entente Munnerëf/Schengen/Uespelt (0:0), CS Uewerkuer (4:0), Bieles (4:1) an US Esch (4:0) stoung d’Ekipp vun den Traineren Léon Zahlen an Idelson Pires schonn als Gewënner fest. Géint Rodange gouf et zum Ofschloss nach en 3:0. “Eng super Ekippeleeschtung an deene 5 Matcher. Fir dass mer virdrun nach keen eenzegen Training an der Hal haten, war dat do top. Merci och den Elteren, déi d’Jongen super ënnerstëtzt hunn”, sou de Léon Zahlen