– D’Minimes I haten um Samschdeg e Frëndschaftsmatch géint d’Union Réimech-Bus. Um Enn hu sech d’Yellow Boys mat 4:1 duerchgesat. An der Paus stoug et 1:0 fir Weiler. “Mir hate ganz vill Golchancen an hu gudde Fussball gespillt”, sou den Trainer Luis Pereira.

– Eis Minimes II hunn hire leschte Championnatsmatch virun der Wanterpaus doheem mat 1:4 géint d’US Esch verluer. An der Halbzeitpaus stoung et 1:1. “Leider hu mir kee Gol méi geschoss, obwuel mir nach oft op de Gol geschoss hunn”, huet den Trainer Pascal Schoen gemengt.