Eis Pupilles I hunn um Donneschdeg e Nodrosmatch géint Hueschtert mat 7:4 gewonnen. An der Paus stoung et 2:2.

“De ganze Match iwwer hunn eis Jongen eng iwwerzeegend Leeschtung gewisen a sech eng ganz Rei Golchancen erausgespillt. D’Halbzeitresultat spigelt deemno och net ganz de Spillverlaf erëm. No der Paus hunn d’Yellow Boys zwar och nees di eng oder aner Kéier am gudden Hueschterter Golkipp hire Meeschter fonnt, um Enn gouf eng flott Hironn awer trotzdeem mat engem héichverdéngten Erfolleg ofgeschloss. Et bleift ze erwänen, dass haut am Ganzen 12 Spiller zum Asaz koumen, dovunner 2 aus der Pupilles 2, déi hir Saach ganz gutt gemaach hunn. E grousse Merci och un den Idelson Pires fir seng Ënnerstëtzung haut! Mir si ganz houfreg op eis Jongen”, sou de Léon Zahlen.