Dir Dammen an Dir Hären,

vu dass déi éischt Editioun vum Weili Cup e groussen Erfolleg war, huet d’Jugendkommissioun sech geduecht, et wier eng gutt Saach, fir dëse Jugendturnéier fir Bambinis, Pupilles, Poussins a Minimes och 2019 ze organiséieren.

Den 2. Weili Cup geet de 6. a 7. Juli 2019 am Dieltchen iwwer d’Bühn. Déi 64 Ekippen ware schnell ugemellt a kämpfen an deene verschiddene Kategorien ëm déi grouss Coupen.

Hei scho mol puer interessant Infos:

Umeldungen vun den Ekippen
Donen
Sponsoring

Bericht a Fotoen vum 1. Turnéierdag 2018
Bericht a Fotoen vum 2. Turnéierdag 2018
Den Turnéier 2018 aus der Vulleperspektiv