Eis Seniors II/U23 hu sech um Dënschdeg doheem mat 2:0 géint Bieles duerchgesat.

“Et war e Match ouni Rhythmus. Déi éischt hallef Stonn war net vill lass. Mir hate méi Ballbesëtz, mee et ass net vill dobäi erauskomm. Dono hu mer méi séier gespillt a sinn an der 34. Minutt belount ginn. No engem gudde Ball vum Louis Lamesch op de Paul Gomez, huet dësen de Ball erageflankt an de Gilles Even huet am 5-Meter-Raum d’Nerve behalen. 5 Minutte méi spéit hu mer den 2:0 geschoss. E Ball an d’Déift vum Louis Lamesch koum bei de Gilles Even, deen de Ball op den Idelson Pires gespillt huet a scho stoung et 2:0. An der 2. Halschent war net ganz vill lass. Mir hate méi Ballbesëtz. Kloer Golchancen goufen et awer keng”, sou de Resumé vum Trainer Orlando da Rocha.

Opstellung: Cum, Rohen, Walter, Meylender, Gomez, Schmit, Lamesch (60.’ Huot), Pires (46.’ Ruppert), di Bari, H. Alves, Even (70.’ Almeida)