Eis éischt Ekipp huet e Sonndeg am Dieltchen missen Punkten géint Beetebuerg hänke loossen. D’Yellow Boys hu mat 1:2 géint de Sporting Club verluer an esou d’Chance verpasst, sech an der Tabell ze verbesseren.

Weiler hat direkt e puer Golchancen, konnt awer keng notzen. Mat der éischter Méiglechkeet hunn d’Gäscht dunn an der 29. Minutt fir d’Féierung gesuergt. 10 Minutte méi spéit stoung et souguer 0:2 aus Weiler Siicht.

Och an der 2. Halschent sollt ënner anerem nees d’Lat fir Beetebuerg retten. An der Nospillzäit ass dem Kevin Hoffmann awer nach vum Eelefmeterpunkt den Uschlossgol gelongen. Donieft gouf et eng weider schlecht Noriicht fir Weiler: De Glenn Borges ass an der 79. Minutt vum Terrain gesat ginn.

Opstellung: Gonzalez, Loes, T. Alves, Reuter, Martins (67.’ Lima), Bellini (71.’ H. Alves), Battaglia, Ainahi (59.’ Even), Rougeaux, Borges, Hoffmann