– Um Samschdeg hunn eis Pupilles I am Dieltchen mat 15:0 géint Wuermer gewonnen. “Meng Jongen hu sech zäitweis dem schwaache Niveau vum Match ugepasst, ouni awer d’Geleeënheet auszeloossen, hire Supporter e Golspektakel ze bidden. Et war en eesäitege Match géint en iwwerfuerderte Géigner, bei deem vill Kanner eréischt viru Kuerzem ugefaangen hunn, Fussball ze spillen. Wuermer huet sech trotz dem däitleche Resultat gutt aus der Affär gezunn. Hinne Merci fir de faire Match a bonne Chance fir d’Zukunft”, sou den Trainer Léon Zahlen. De Ball gouf gestëft vum Georges Bianchini.

– D’Minimes sinn an der Coupe en Tour weiderkomm. Si hu sech mat 4:0 géint Izeg duerchgesat. An der Paus stoung et 3:0. “Déi éischt Halschent gouf ganz gudde Fussball gespillt. Déi zweet Halschent war fussballeresch net sou gutt. Jiddereen wollt säi Gol schéissen”, huet den Trainer Luis Pereira erkläert. De Ball gouf gestëft vum Marie-Josée Harles Herber.

– Eis Scolaires sinn an der Coupe och en Tour weiderkomm. Nodeems d’Etzella scho no 11 Minutten mat 2:0 virgeleeën hat, hunn d’Yellow Boys nach ausgeglach an esou ass et zum Eelefmeterschéisse komm. An deem huet sech d’Ekipp vun den Trainer Jeff Schmit a Basile Toyisson mat 5:4 behaapt.