E Sonndeg vun 16 Auer un spillt eis éischt Ekipp doheem géint Beetebuerg. Well de neie Beetebuerger Terrain bis e Sonndeg net prett ass, gëtt am Dieltchen gespillt.

D’Yellow Boys ginn als kloere Favorit an de Match. Vun de leschte 5 Matcher (Coupe FLF inclus) gouf kee verluer. D’Ekipp vum Trainer Jhemp Almeida ass gutt drop a wëll seng Serie ausbauen. Verzichte muss de Coach op den Joyce Regazzi, deen eng duebel Verstauchung huet.

Beetebuerg huet sengersäits déi lescht 3 Matcher verluer. Mat 8 Punkten steet de Sporting Club op der Barrageplaz.

Och wann d’Wieder net méi sou gutt ass, hofft eis éischt Ekipp e Sonndeg op Är Ënnerstëtzung! Hei ass Weiler!