Um Dënschdegowend hunn eis Seniors II/U23 am Dieltchen mat 2:4 géint Hesper verluer. Déi 1. Halschent war fatal.

Schonn no 2 Minutten huet et eng éischte Kéier gerabbelt. Hesper huet en direkte Fräistouss zur Féierung genotzt. Dono ass Weiler géint e sprëtzegen FC Swift lues a lues an de Match komm, mee genau an der Phas ass de 0:2 aus Weiler Siicht gefall. No engem Corner huet e Kappball fir den 2:0 fir d’Gäscht gesuergt.

2 Minutte méi spéit ass erëm Hoffnung opkomm: Aus 16 Meter huet de Gilles Even den Uschlossgol markéiert. No 40 Minutten louch Hesper dunn nees mat 2 Goler vir -> 3:1. Mee et sollt nach schlëmmer kommen: Kuerz virun der Paus hunn d’Yellow Boys sech no engem Corner e Konter gefaangen, deen zum 1:4 gefouert huet.

Déi 2. Halschent war aus Weiler Siicht besser. Méi wéi eng kleng Korrektur vum Resultat duerch de Pit Meylender (87.’) sollt awer net méi geléngen.

Opstellung: Muller, Rohen, Walter, Gomez, Ruppert (46.’ Komes), Meylender, Schmit, Lamesch, Di Bari, Bach, Even