Um 6. Spilldag huet eis éischt Ekipp eng labber 4:0-Victoire am Dieltchen gefeiert. Géint Menster louch d’Ekipp vum Trainer Jhemp Almeida schonn an der Paus mat 4:0 vir.

De Match hat aus eiser Siicht direkt gutt ugefaangen. No 2 Minutten ass den éischte Ball widdert der Lat gelant, ier de Kevin Hoffmann 1 Minutt méi spéit den 1:0 geschoss huet. Eis Nummer 17 sollt et dann och sinn, déi an der 12. Minutt de Gol virbereet huet. Vollstreckt huet de Selim Ainahi -> 2:0. No enger Véierelstonn stoung et dunn awer schonn 3:0: De Glenn Borges huet de Ball aus 20 m an de Wénkel gesat.

Dono hat Menster eng gutt Chance: No engem Feeler vum Andy Reuter am Strofraum, krut den FC Syra en Eelefmeter zougesprach. Dësen huet de Christopher Gonzalez allerdéngs gehalen. Kuerz dono huet den Tiago Alves dofir gesuergt, dass d’Null weiderhi stoung. Hien huet op der Linn gerett.

An der 37. Minutt war et dunn awer um Levy Rougeaux, fir och ze markéieren. Mat engem Volley huet hien de 4:0 besuergt, deen och sollt d’Pausen- a Schlussresultat sinn.

Nom Säitewiessel gouf et nämlech weider Chancen fir Weiler, mee souwuel déi géigneresch Vereteidegung wéi och d’Lat haten eppes géint e weidere Gol.

Opstellung: Gonzalez, Loes, Reuter, T. Alves (70.’ Gomez), Martins, Battaglia, H. Alves (61.’ Meylender), Ainahi, Rougeaux, Borges (58.’ Even), Hoffmann