– Um Sonndeg hunn eis Poussins I doheem mat 9:2 géint Wuermer d’Iwwerhand behalen. An der Paus stoung et scho 7:0 fir d’Ekipp vum Trainer Enès Skrijelj. De Ball gouf gestëft vum Corinne Guidoreni.

– Och eis Poussins II hu gewonnen. An hirem 3. Championnatsmatch huet sech d’Ekipp vum Trainer Mike Hoffmann mat 3:0 géint Hueschtert II duerchgesat. An der Paus stoung et 2:0. De Ball gouf gestëft vum Jang Fiedler.