E Sonndeg kritt eis éischt Ekipp ab 16 Auer Besuch vun engem gudden Opsteiger. Den FC Syra Menster wäert am Dieltchen zu Gaascht sinn an huet wëlles, d’Yellow Boys an der Tabell z’iwwerhuelen.

Mat 8 Punkten aus 5 Matcher ass Menster besser an d’Saison gestart, wéi der vill dat erwaart haten. An der Ekipp vum Trainer Claude Leogrande sinn eng Rei talentéiert Spiller, déi och schonn op méi héijem Niveau gewisen hunn, wat se drop hunn. Fir eisen Ex-Spiller Tom Gieres gëtt et iwwregens e Retour a seng al Heemecht. No der 2:4-Defaite géint Monnerech, wëll den FC Syra nees an déi richteg Spuer fannen a nom Match ee Punkt méi wéi Weiler hunn.

Beim 4:3 géint Käl-Téiteng konnt Weiler no 3 Matcher ouni Victoire (2 am Championnat an 1 an der Coupe) endlech nees Confiance tanken. Déi soll elo e Sonndeg genotzt ginn, fir weider ze punkten. De Jhemp Almeida muss allerdéngs op e puer Spiller verzichten. De Max Mangen (Leeschtebroch), Yann Olafsson (Knéiproblemer), André Mota (Verletzung un der Hëft), Cliff Bernard (Muskelblessur), Joyce Regazzi (Adduktoreproblemer) a Johan Bellini (krank) falen wuel aus.

Kommt all e Sonndeg an den Dieltchen an ënnerstëtzt eis éischt Ekipp!