– Eis Pupilles I hu sech am Dieltchen mat 8:6 géint Sandweiler duerchgesat. An der Paus stoung et 6:3 fir Weiler.”Obwuel d’Yellow Boys zäitweis flott kombinéiert an sech an deene 50 Minutten reieweis Golchancen erausgespillt hunn, sollt et no der Paus just nach 2 Mol am Filet vum Géigner rabbelen. Sandweiler huet aus senge Méiglechkeeten de Maximum gemaach an aus eisen deelweis krassen Ofwierfehler Kapital geschloen. An der Defensiv gëlt et also un e puer Schrauwen ze dréien, da wäerte mir mat där Ekipp nach vill Freed kréien”, sou den zefriddene Coach Léon Zahlen.

– Eng knapp 4:5-Defaite gouf et fir d’Pupilles II. Zu Weiler hu si sech Märel-Belair II missen geschloe ginn. “Et war e gudde Match vu menger Ekipp. Meng Spiller ware motivéiert a wollten dëse Match onbedéngt gewannen. Leider hu mer verluer. Ech sinn awer houfreg op meng Ekipp an op hir Leeschtung. Ech mierken, dass d’Spiller léiere wëllen. Mir schaffe weider fir eis Ziler ze erreechen. D’Resultater kommen dann och”, sou den Trainer Idelson Pires. De Ball gouf gestëft vum Romain Steil.

– D’Pupilles III hunn en Testmatch am Dieltchen géint hir Alterskollege vu Sandweiler gespillt. Um Enn stoung et 9:2 fir d’Gäscht, nodeems et an der Paus scho 4:1 stoung.