No der 4:3-Victoire géint Käl-Téiteng huet den Trainer vun eiser éischter Ekipp, Jhemp Almeida, eis e Statement ofginn:
“Wichteg war et, déi 3 Punkten ze huelen. Mir haten elo eng schlecht Phas mat der Defaite géint Monnerech, dem Gläichspill géint AS Lëtzebuerg Porto an dem Out an der Coupe. Et war wichteg, eng Reaktioun ze weisen an zu Téiteng hu mer ni opginn, och wa mer net gutt waren. Mir hunn aus 4 Chancen 4 Goler markéiert, mee kruten och aus 3 Chancen 3 Goler geschoss an hunn defensiv net gutt ausgesinn. Positiv ass, dass mer eng Reaktioun gewisen hunn an den Uschloss op déi éischt Plazen net verléieren. Elo gëllt et weider ze schaffen an defensiv Stabilitéit ze fannen.”