Dat war eng Rees wäert, awer näischt fir schwaach Nerven! Mat 4:3 huet sech eis éischt Ekipp zu Téiteng géint d’Union Käl-Téiteng duerchgesat. Dobäi hat et oft net gutt ausgesinn fir d’Yellow Boys.

Scho no 10 Minutten huet d’Lokalekipp en Ofwierfeeler vu Weiler genotzt an den 1:0 geschoss. Wien déi éischt Halschent vill Golchancen an dësem Match wollt gesinn, war um falschen Terrain. Villes huet sech an der Mëtt ofgespillt. An awer sollten d’Yellow Boys virun der Paus nach de Wee an de géigneresche Gol fannen. No enger flotter Kombinatioun iwwer Levy Rougeaux, Kevin Hoffmann a Glenn Borges, huet dee Leschtgenannten de Ball an de Filet gesat -> 1:1 an der 39. Minutt.

Nom Säitewiessel ass Käl-Téiteng an der 63. Minutt nees a Féierung gaangen. Weiler sollt dësem Réckstand awer net laang nolafen, well den Thomas Battaglia an der 71. Minutt e klore Kapp behal huet an den 2:2 markéiert huet. An et sollt nach besser kommen: 5 Minutte méi spéit war et de Johan Bellini, deen d’Ekipp vum Trainer Jhemp Almeida eng éischte Kéier a Féierung bruecht huet. Mee d’Freed bei de Weiler Supporter sollt net laang unhalen: Direkt nom Ustouss huet sech Käl-Téiteng op de Wee gemaach an den 3:3 geschoss. An der Ofwier waren alt nees riseg Lächer.

Gewënnergol an der 80. Minutt

Jiddereen deen elo gemengt huet, déi Giel-Schwaarz géifen de Kapp hänke loossen, hat sech awer geiert. Weiler huet gekämpft an ass duerch de Glenn Borges an der 80. Minutt belount ginn. De Rescht vun der Zäit ass et drëm gaangen, d’Resultat ze verwalten, wat de Jongen ëm de Kapitän Joyce Regazzi och gelongen ass.

Et ware ganz wichteg 3 Punkten, géint e Géigner mat deem een elo an der Tabell gläich gezunn ass. An och fir d’Moral ass et wichteg, no 3 Matcher ouni Victoire nees emol gewonnen ze hunn. E Sonndeg muss am Dieltchen géint Menster nogeluecht ginn. Hei ass Weiler!

Opstellung: Gonzalez, Loes, T. Alves, Regazzi, Martins, Bellini, Battaglia, H. Alves (72.’ Ainahi), Rougeaux (90. + 1.’ Reuter), Borges (89.’ Bernard), Hoffmann