Den Trainer vun eiser éischter Ekipp, Jhemp Almeida, huet no der 2:4-Defaite géint Monnerech däitlech Wieder fonnt:

“Et war eng verdéngte Victoire fir Monnerech. Mir hunn ze vill individuell an technesch Feeler gemaach, eis ze vill opgereegt an ze vill diskutéiert. Dann hu mer och nach gefillten 80 Prozent vun den Zweekämpf verluer. Et war vun allem eben e bëssi ze vill, fir eng zolidd Ekipp a Gefor ze bréngen. Mir waren villäicht nervös an hunn de Géigner, deen voll konzentréiert an engagéiert gespillt huet, ënnerschat. Déi 1. Néierlag dës Saison soll eis eng Léier sinn. Och mat gudde Spiller muss ee kämpfen a vill schaffen fir 3 Punkten ze huelen. Géint AS Lëtzebuerg-Porto musse mer e Mëttwoch eng positiv Reaktioun weisen.”