Eis éischt Ekipp huet um drëtte Spilldag missen en éischte Réckschlag astiechen. Géint Monnerech gouf et doheem eng 2:4-Defaite. An engem Match, an deem zwee Schëss op de Gol gaange sinn, déi net am Filet gelant sinn, waren déi Monnerecher méi effikass.

No 13 Minutten sollten d’Gäscht vu Monnerech vun engem Weiler Ballverloscht profitéieren -> 1:0. Weiler hat grouss Problemer fir richteg an de Match ze kommen, trotzdeem sollt den Ausgläich ab der 39. Minutt falen. De Kevin Hoffmann, dee spéider mat enger Foussverletzung huet missen erausgoen, huet en Ofwierfeeler genotzt an de Golkipp iwwerlobt.

Dëst Resultat sollten d’Yellow Boys awer net mat an d’Paus huelen. An der 41. Minutt ass eis Verdeedegung geschwommen an huet de géigneresche Stiermer eleng gelooss. Sou sinn d’Säiten mat 2:1 fir Monnerech gewiesselt ginn.

No 69 Minutten huet den Arbitter Sgura Monnerech en zweiwelhaften Eelefmeter zougesprach. Monnerech huet de Kaddo ugeholl a scho stoung et 3:1. Déi definitiv Entscheedung ass an der 84. Minutt gefall -> 4:1. An der leschter Minutt vun der regulärer Spillzäit huet de Max Mangen dunn de Levy Rougeaux bedéngt, deen den 2:4 geschoss huet.

Aus all Defaite kann een eppes léieren an dofir gëllt et, e Mëttwoch zu Zéisseng géint AS Lëtzebuerg-Porto nees an déi richteg Spuer ze fannen.

Opstellung: Gonzalez, Loes, T. Alves, Regazzi, Martins (76.’ Reuter), Bellini, Battaglia, Rougeaux, H. Alves (46.’ Ainahi), Borges, Hoffmann (76.’ Mangen)

Et hu gefeelt: André Mota (Problemer mat der Hëft), Cliff Bernard (Knéiverletzung), Louis Lamesch (Uewerschenkelproblemer), Sven Rohen (Foussblessur), Emanuel Vieira a Noah Bach (béid Trainingsréckstand), Gilles Even (Verletzung um Talléck)