Um Sonndeg geet ab 16 Auer am Dieltchen den Topmatch am 2. Bezierk vun der 1. Divisioun iwwer d’Bühn. Mat Weiler a Monnerech treffen 2 Ekippen openeen, déi dës Saison e Wuert ëm den Opstig wëlle matschwätzen.

Mat 6 Punkten aus 2 Matcher si béid Ekippen optimal an de Championnat gestart. D’Ekipp vum Trainer Angelo Fiorucci huet nach eng Rechnung mat de Yellow Boys op. Zwar hat sech Monnerech déi lescht Saison doheem mat 6:0 am Championnat duerchgesat (Bericht), mee am Réckmatch huet sech den FCM missen mat 1:3 geschloe ginn (Bericht). An och an der Coupe hat Weiler am Eelefmeterschéissen d’Nerven behalen (Bericht).

Fir 3 Weiler Spiller ass de Match haut eppes Besonnesches. De Kevin Hoffmann an de Michel Muller treffen op hiren Ex-Club an de Selim Ainahi huet haut Gebuertsdag.

Haut brauch d’Ekipp Är Ënnerstëtzung, dofir kommt all an den Dieltchen an hëlleft eiser éischter Ekipp!