Eis Pupilles sinn um Turnéier zu Béiwen déi 11. vun 20 ginn.

An de Gruppematcher huet d’Ekipp vun den Traineren Léon Zahlen an Idelson Pires géint Béiwen/Bruch (0:2) an d’Entente Atertdaul (0:2) verluer, ier se géint Veianen (2:0) an d’Etzella II (3:0) gewonnen huet.

Als 3. aus der Grupp ass et an de Klassementsmatcher ëm d’Plazen 9 bis 12 gaangen. Géint d’Jeunesse huet Weiler mat 0:2 verluer an am leschte Match gouf et eng 2:1-Victoire géint Steesel.

“Et war eng ganz gutt Leeschtung vun eiser Ekipp (op engem zimlech iwwerdimensionéierten Terrain) zemools, wann ee bedenkt, dass nëmmen 1 Spiller dobäi war, dee lescht Saison scho Pupilles war”, huet den Léon Zahlen gemengt.