Eis Poussins II hunn um Samschdeg un engem Turnéier zu Béiwen deelgeholl. Si koumen um Enn op déi 8. Plaz vun 20 Ekippen.

Géint Mäertzeg gouf et eng onglécklech 1:2-Defaite, ier d’Ekipp vum Trainer Mike Hoffmann an der Gruppephas kee Match méi verluer huet (0:0 géint Ierpeldeng, 1:0 géint Béiwen/Bruch an 1:0 géint Rodange). Dës Resultater sollten duergoen fir déi 2. Plaz an der Grupp A ze erreechen.

An der Course ëm d’Plazen 5 bis 8 hunn d’Yellow Boys dunn géint den F91 Diddeleng an Housen am Penaltyschéissen verluer. Trotzdeem war de Coach mat der Leeschtung vu senger Ekipp zefridden.