Am 2. Tour vun der Coupe de Luxembourg kritt eis éischt Ekipp et mat Cebra aus der 2. Divisioun ze dinn. Dat huet d’Auslousung vun der FLF um Méindeg erginn. Gespillt sollt den 23. September am Dieltchen ginn. Well déi manner gutt klasséiert Ekipp awer Heemrecht huet, huet d’FLF de Match gedréit.

Em deen Dréi ass och d’1/32-Finall bei de Seniors Réserves. Eis Seniors II/U23 aus der zweeter Klass kréien et do doheem mat Näerzeng aus der véierter Klass ze dinn.