Eis éischt Ekipp steet am 2. Tour vun der Coupe de Luxembourg. Am 1. Tour hu sech d’Yellow Boys zu Chrëschtnech mat 9:1 duerchgesat.

Den éischte Gol ass no 17 Minutten gefall. No enger schéiner Kombinatioun tëschent dem Sidney Loes an dem Glenn Borges huet de Selim Ainahi de Ball iwwer d’Linn gedréckt. 3 Minutte méi spéit huet den Arbitter Chrëschtnech-Waldbëlleg en Eelefmeter zougestan a scho stoung et 1:1. Et huet dunn och nees e bëssi gedauert, bis d’Yellow Boys sollten a Féierung goen. An der 34. Minutt huet de Kevin Hoffmann den 2:1 geschoss. Just virun der Paus huet et dunn nach emol gerabbelt. De Johan Bellini huet d’Ofwier mat enger Pass op de Sidney Loes ausgespillt an de Glenn Borges huet de Spillstand op 3:1 erhéijt.

Nom Säitewiessel ass et direkt gutt ugaangen. An der 50. Minutt huet den Thomas Battaglia de 4:1 markéiert. Herrleche Gol an der 54. Minutt: De Max Mangen huet ofgezunn an zack stoung et 5:1. D’Hallefdosen voll huet de Selim Ainahi an der 71. Minutt gemaach (6:1).

Mee domat net genuch: Nees en herrlechen Distanzschoss vum Levy Rougeaux huet fir de 7:1 gesuergt. An och um 8. Gol war de Levy Rougeaux bedeelegt, seng Flank ass beim Selim Ainahi gelant, dee mam Kapp säin 3. perséinleche Gol geschoss huet (8:1, 79. Minutt). 2 Minutte méi spéit huet de Chrëschtnecher Jong de Score nees missen op der Tafel wiesselen -> de Max Mangen war no engem Golkippsfeeler do, fir de 9:1 ze schéissen (81. Minutt). Dat sollt och de Schlussstand sinn.

Opstellung: Muller, Loes, T. Alves (55.’ Regazzi), Reuter, Martins, Battaglia (55.’ H. Alves), Bellini, Mangen, Ainahi, Borges, Hoffmann (55.’ Rougeaux)