Eis zwou Minimesekippen haten um Samschdeg en Testmatch. D’Minimes I louchen am Dieltchen mat 2:0 géint Beetebuerg vir, hu sech um Enn awer missen mat engem 2:2 zefridde ginn.

D’Minimes II hunn hirersäits zu Zéisseng géint Cebra gespillt. Um Enn stoung et 4:0 fir d’Lokalekipp. An der Paus war de Spillstand 2:0. “Et war ustrengend fir d’Kanner, mee et war scho ganz vill Positives dobäi”, huet den Trainer Pascal Schoen gemengt.