E Freidegowend hat eis éischt Ekipp e weideren Testmatch. Géint Cebra gouf et zu Zéisseng en 1:1. De Kevin Hoffmann hat eis Faarwen schonn an der 3. Minutt a Féierung bruecht, mee Cebra konnt nach virun der Paus ausgläichen. An der 52. Minutt huet de Sidney Loes nach en Handeelefmeter verschoss.

De nächste Match ass en Dënschdegowend (19.30 Auer) am Dieltchen géint Mäertzeg.