Den 22. September ass am Dieltchen eng méi lass. Moies um 11 Auer gëtt dat neit Gebai mat de Vestiairen, der Tribüne an der Buvette ageweit. Fir dësen Acte sinn all déi aktuell Memberen an och fréier Spiller vun de Yellow Boys häerzlechst invitéiert.

Vu 14 Auer un ass dann d’Ekippeprésentatioun. Hei ginn Ekippefotoen an Eenzelfotoen vun all Spiller gemaach, sou dass eng Präsenz vun all eise Spiller obligatoresch ass. Villmools Merci am Viraus!