Den RTL huet am Moment eng Rubrik an der sech alles em d’Benevollen am Lëtzebuerger Sport dréit. An der Emissioun vun dësem Mëttwoch koum den Army Dobbins zu Wuert. Den Army huet erkläert, wéi hien zu de Yellow Boys gestouss ass, wat seng Aufgabe sinn a firwat et him Spaass bereet, Deel vun der Weiler Famill ze sinn.

Mir soen och hei nach emol alle Benevollen, déi dem Veräin reegelméisseg eng Hand upaken, en décke Merci!